Sie sind hier

Generalversammlung 2017

News

DP Beetebuerg prett fir d'Gemengewahlen 2017

Den 26 januar huet an hirer Generalversammlung d'DP sech haaptsechlech mat de Wahlen vum 8. Oktober beschäftegt. Op de Bilan vun dëser Koalitioun kann ee ganz houfreg sinn: d'Gemeng huet hiert Gesiicht op ville Pläng am positive Sënn verännert. D'Klima an der Koalitioun ass gutt. Bedauert gouf awer déi net loyal Interventioun vun enger CSV-Conseillère beim Projet Garerstrooss.

Vill Kritik gouf et un der LSAP, déi keng Linn am Gemengerot huet a béiswëlleg Ënnerstellungen an hire Publikatioune mecht. D'DP wäerd sech awer net duerch dee bescheidene Niveau beandrocke loossen a mecht ee fairen a sachleche Wahlkampf. D'DP Lëscht ass praktesch fäerdeg a gëtt spéitstens am Abrëll publizéiert.