Sie sind hier

Assemblé Générale

Assemblé Générale DP-Beetebuerg

De 25. Januar 2019 ass am Centre Ganser déi jäerlech Assemblée Générale vun der Sektioun DP-Beetebuerg ofgehale ginn.

No der Opzielung vun den Aktivitéiten während dem Joer 2018 an der Keesenrevisioun, ass de ganzen Comité vun senge Funktiounen dechargéiert ginn.

Virun der Wiel vum neie Comité, hunn eenzel Memberen am Viraus den Wonsch ausgedréckt, vun hiere Funktiounen entbonnen ze ginn.

Esou stoungen d'Posten vum President, Vizepresident an Keessier zur Dispositioun.

Unanime huet de Comité de Christophe Santini zum President, de Patrick Junker zum Vizepresident a Keessier an de Jean Majerus zum Sekretär gewielt.

No 11 Joer Joer un der Spëtz vun eiser Sektioun, als Presidentin, wollten d'Comités-Memberen dem Michèle Wahl-Fliegner, een éierleche Merci soen, vir de groussen Asaz an déi immens vill Aarbecht déi et an all deene Joeren gelescht huet. Aus desem Grond ass d'Michèle och zur Éierepresidentin vun der DP-Sektioun Beetebuerg gewielt ginn.

E grousse Merci och un de Martin Origer als fréiere Vizepresident an un d'Mireille Thiry als fréier Keessière vun der Sektioun Beetebuerg vir hieren Asaz all déi Joeren.

Mir freeën eis och si wiederhin zu eisem Comité därfen ze zielen, wou hier Erfahrung an hier Kompetenzen eis Equipe och an Zukunft sécherlech wäerte staerken

Eng Ära geet op een Enn, eng nei fänkt un.

Déi nei Equipe wäert sech an deenen nächsten Méint a Joeren beméien d’Sektioun, der neier Ära, awer och dem Gesellschaftswandel gerecht ze ginn. Méi Oppenheet, méi Visibilitéit, méi Erreechbarkeet, méi Informatioun a Kommunikatioun, méi Responsabilitéit a méi no um Anwunner vun eiser Gemeng sinn eis verstäerkte Motoen fir d'Zukunft.

DP-Beetebuerg well an Zukunft all den Awunner aus eiser Gemeng, deemno och den Awunner vu Fenneng, Hunchereng, Näerzeng an Obeler nach méi no stoen wei daat an den leschte Joeren schonn de Fall war. Dofir zeck och DU net! Komm eis eng Hand upaken, an gëff och DU Member an eiser Sektioun andeems DU dech umells, ënner:   https://beetebuerg.dp.lu/g%C3%ABff-member